Smithsonian Astrophysical Observatory
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D’Smithsonian Astrophysical Observatory (SAO) ass eng astronomesch Fuerschungsariichtung vum Smithsonian Institution zu Cambridge, Massachusetts, USA. Zesummen mat dem Harvard-College-Observatoire (HCO) maachen si den Harvard-Smithsonian Center for Astrophysics (CfA).
Den SAO gouf 1890 zu Washington, D.C. gegrënnt, an am Joer 1955 gouf se no Cambridge verlued.
Am CfA sinn iwwer 300 Wëssenschaftler op de Gebidder Astronomie, Astrophysik, Geowëssenschaften a Raumfaart beschäftegt.
An de 1960er Joren gouf den SAO-Katalog, e Stärekatalog mat 290.000 Stären, aus den déizäit beschten Datenquellen erstallt. Déizäit gëtt ë.a. och d’Rëntgenobservatoire Chandra vu Cambridge aus bedriwwen.
Kuckt och: SAO-Katalog
[Änneren] Um Spaweck
- (en) Homepage vun der SAO