Stärennumm
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Hei ass e knappen Iwwerbléck iwwer verschidde Methode fir Stären en Numm ze ginn.
D’International Astronomesch Unioun (IAU) ass déi an der Astronomie international unerkannten Autoritéit fir d’Zouweisung vu Bezeechnungen zu Stären an aner Himmelskierper. Vill vun deenen haut bekannten Stärenimm staamen nach aus der Zäit virun der Grënnung vun der IAU. Aner Nimm, haaptsächlech fir verännerlech Stären inklusiv der Novae an der Supernovae, gi stänneg nei derbäigesat. Déi meescht Stären hunn awer kee Numm, a ginn – wann iwwerhaapt – mat Hëllef vu Katalognummere gezeechent.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Eegennimm
Vill vun den hellen oder irgendwéi interessante Stären hunn en eegenen Numm. Déi meescht stamen aus dem Arabeschen, wéi z. B. Algol oder Ras Algethi, et gëtt awer och verschiddener mat laténgeschem Numm, wéi Polaris oder Regulus, a verschiddener droen niewent dem arabeschen bzw. laténgeschen och en däitschen Numm, wéi de Sirius op däitsch "Hundsstern" (Hondstär) oder den Alkorop däitsch "Reiterlein". Stäre sinn zum Deel och no hirem Entdecker genannt, wéi z.B. de Feilstär vum Barnard oder de Kapteyns Stär.
[Änneren] Bayer-Bezeechnung
De Johannes Bayer hat een, nach haut wäit verbreete System, vu Benennunge vun den hellste Stäre vun all Stärebild mat griicheschen, a vereenzelt och laténgesche Buschtawen agefouert.
[Änneren] Flamsteed-Nummeren
En ähnlecht System hat de John Flamsteed, andeems hien d’Stäre vun de Stärebiller nummeréiert huet. Haut kënnt dëst System do zum Asaz, wou keng Bayer-Bezeechnung existéiert.
[Änneren] Benennung vu verännerleche Stären
Verännerlech Stären, déi keng Bayer-Bezeechnung hunn, gi mat spezielle Bezeechnunge versinn, déi sech als „Verännerlecher“ ausweisen.
[Änneren] Katalognummeren
Wann et keng besser Method fir den Numm vun engem Stär gëtt, da ginn normalerweis Katalognummeren benotzt. Bei der riseger Zuel vu Stären, déi alleng an eiser Mëllechstrooss bekannt sinn, ass dëst och déi eenzeg praktesch duerchféierbar Prozedur, déi och déi eendeiteg Identifikatioun an d'Erëmfannen op enger eenheetlech Art a Weis garantéiert. Zu dësem Zweck existéiere vill verschidde Stärekatalogen, déi deels vun Astronomen zesummegestallt goufen, deels awer och an automatesche Vermiessungsprojeten duerch speziell Satellitten a grouss Observatoire gesammelt goufen.
[Änneren] „Kaf vu Stäre“
Et gëtt eng Rei vu Firmen an och Observatoiren, déi hire Cliënten ubidden, fir Stären no hirem Numm ze nennen. Dës Nimm ginn awer vu kengem aneren, ausser dëser Firma an dem Client unerkannt a näischt léisst verschidden Observatoiren dovun ofhalen, dee selwechte Stär ze „verkafen“. - D'IAU distanzéiert sech vun dëse Geschafter (kuckt um Spaweck).