The Sum of All Fears
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Buch The Sum of All Fears vum Tom Clancy ass e Polit-Thriller den am Joer 1991 erauskomm ass.
[Änneren] Beschreiwung
De Roman ass e vu villen aus der Serie iwwert de fiktiven Held Jack Ryan. Eng seltsam Entdeckung am Noen Oste léist e Konflikt aus, deen zu enger internationaler Katastroph kéint féieren. En neit Kapitel am Kale Krich huet ugefangen an den Jack Ryan, e Geheimagent aus den USA, zoustänneg fir Top-Secret-Fäll, muss sëch der Saach unhuelen. Hie muss praktesch e Kampf ouni gutt Aussichten géint Zäit féieren an d'Fro stellt sech wee gewënnt: d'Vernonft oder de Vernichtungswahn.
[Änneren] Verfilmung
Dëse Roman gouf am Joer 2002 ënnert dem selweschten Numm (op däitsch: Der Anschlag) verfilmt mat an den Haaptrollen de Ben Affleck als Jake Ryan an de Morgan Freeman.
[Änneren] Ausgaben
- Orginalausgab: G.P.Putnam's Sons, New York, 1991;
- Däitsch Ausgab: Das Echo aller Furcht, München 1992; ISBN 3442456479
|
---|
Fiktioun: Net-Fiktioun: |