Urbain Le Verrier
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Urbain Jean Joseph Le Verrier, gebuer den 11. Mäerz 1811 zu Saint-Lô, a gestuerwen de 23. September 1877 zu Paräis war e franséische Mathematiker an Astronom. Hien huet e groussen Deel vu sengem Liewen am Observatoire vu Paräis geschafft.
De Le Verrier war Student am College Louis le Grand an huet vu 1831 un an der École polytechnique geléiert.
Säi gréissten Erfolleg war d’Berechnung vun der Planéitebunn vum Neptun. Hien huet duerch Beobachtungen vun den Ëmlaafstéierungen vum Uranus, d’Neptunbunn ermëttelt. Am September 1846 entdeckt den däitschen Astronom Johann Gottfried Galle de Planéit ee Bougrad ewech vun deeër vum Le Verrier virausgesote Positioun (no nëmmen enger halwer Stonn um Okular vu sengem Teleskop am Observatoire zu Berlin).
Spéider versicht de Le Verrier, well hie Bunnstéierunge beim Merkur festgestallt hat, mat derselwechter Method, d’Existenz vun engem Planéit bannent der Merkurbunn ze fannen. Hie gëtt dësem Planéit de Numm Vulkan. Astronomen an aller Welt versichen, dëse Planéit ze fannen, awer ouni Erfolleg. Am Joer 1915 beweist den Albert Einstein mat der Allgemenger Relativitéitstheorie, datt sech d’Bunnstéierungen, eleng duerch d’Schwéierkraaftsfeld vun der Sonn erkläre loossen.
De Le Verrier ass mat sengem Numm um Eiffeltuerm veréiwegt.
[Änneren] Literatur
- William Sheehan, Nicholas Kollerstrom, Craig B. Waff: Die Neptun-Affäre. Spektrum der Wissenschaft, April 2005, S. 82–88 (2005), ISSN 170-2971
[Änneren] am Spaweck
Commons: Urbain_Le_Verrier – Biller, Videoen oder Audiodateien |