Ursaache vun der Franséischer Revolutioun
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Kuckt och den Artikel Franséisch Revolutiound'Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]d'Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]d'Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]].
D'Ursaache vun der Franséischer Revolutioun, den Opstand deen net nëmmen der Herrschaft vum Louis XVI. mee vun der ganzer Monarchie a Frankräich en Enn gesat huet, si villfälteg. Frankräich, am Joer 1789, war eent vun de räichste Länner vun Europa, och wann et an enger finanzieller Kris war. Wéi de Louis XVI. 1789 d'Generalstänn aberuff huet, war hien net speziell onbeléift, wat ee vu verschiddene vu senge Ministeren allerdéngs net behaapte konnt.
Trotz allem goung den Ancien Régime op en Enn, deelweis duerch seng eegen Onfähegkeet, sech weiderzeentwéckelen, deelweis duerch d'Ambitioune vun enger Bourgeoisie déi ëmmer méi staark ginn ass. Zesumme mat onzefriddene Baueren an den Elite vum Land déi vun den Iddië vun de Lumières geprägt waren, koum et zu engem bluddegen Interessekonflikt dee schlussendlech ganz ausser Kontroll geroden ass.
[Änneren] Nei Iddien
De ganze Muechtsystem huet op der Monarchie baséiert, déi Frankräich als Land an als Staat opgebaut huet (« pré carré »). Dës Monarchie hat en efficacen administrative System opgebaut, deen awer an enger Mentalitéit ausgeschafft gouf, déi sech am 18. Joerhonnert an eng Guerilla verwandelt huet. De Kinnek huet als Delegéierte vu Gott op der Äerd regéiert (« monarchie absolue de droit divin ») an d'juristesch a familiär Traditioun ëmmer bäibehalen. D'Monarchie hat als Grondprinzip eng intim a konkret Unioun tëschent dem Kinnek a sengem Vollek, de Kinnek war de Representant vum Vollek. Dës Base vum politesche System goufen am 18. Joerhonnert kontestéiert an attackéiert.
D'Philosophie vun de Lumières gouf an de Räng vum mëttleren a klenge Biergertum verbreed.
D'Theme géint d'etabléiert Uerdnung hu sech an de Joere 1770 bis 1780 generaliséiert, ënner anerem duerch den Afloss vun der liberaler amerikanescher Gesellschaft (Amerikaneschen Onoofhängegkeetskrich 1770-1783), mee och duerch de franséische Kontext vun enger Rebellioun vun de Juristen (virun allem d'Parlament) géint d'kinneklech Autoritéit (1760-1770 an an de Joere virun der Revolutioun).
De Kult vum Progrès a vun der Zukunft huet sech géint d'Traditioun gestallt. D'Encyclopédie (Diderot) ass eng Hymn un den techneschen an ideologesche Progrès.
- Ordnung - Fräiheet ;
- Aufgab - Gléck;
- Hierarchie - natierlech Gläichheet (Rousseau) déi zu engem neie politesche System féiere soll: Demokratie a sozial Gläichheet ;
- Dogma vun der Kierch - Toleranz
Ët wor e Prozess dee sech a verschiddenen Etappen developpéiert huet. An enger éischter Zäit koum et zu engem Sarkasmus vis-à-vis vun der Kierch, d'Libertiner a spéider d'Philosophen, hu sech géint de Glaawen, d'Praktiken an d'Prinzipië vun der kathoulesch Kierch gestallt. Dës Eliten, déi no un der Muecht stungen, hu sech bal all vun der Kierch oofgewand. D'grouss Mass vum Vollek huet awer un der kathoulescher Relioun gehaangen, och wann si dem Klerus ëmmer manner vertraut hunn. Et muss een oppassen, datt een ënnert enger Kritik un der Kierch an um Klerus net gläichzäiteg eng Kritik u Gott versteet. Vill vun de Philosophe selwer ware gleeweg mee hunn d'Kierch als Institutioun ugeklot.
An enger zweeter Phas gouf de sozialen a politesche System ënnert d'Lupp geholl (Period vum Montesquieu); d'kinneklech Akte goufen ëmmer méi heefeg kritiséiert, hie gouf suguer beschëllegt en Despot ze sinn, virun allem vun den héichgestallte Magistraten, déi sech als Verdeedeger vum Vollek dohinnergestallt hunn. D'Iddi datt d'souverän Muecht an der Natioun läit, ass opgedaucht.
[Änneren] E blockéierte Pouvoir
D'Kinneke Louis XV. a Louis XVI. haten d'Diffusioun vu neien Iddien a vun enger Transformatioun vun der Gesellschaft matkritt. Als Konsequenz dovunner, hu si sech allerlee Reformen afale gelooss, fir d'Monarchie méi efficace ze maachen, fir déi al Strukturen der neier Zäit unzepassen. E groussen Deel vun dëse Reformen hätt eng progressiv Adaptatioun méiglech gemaach, mee si goufen ouni grouss Energie probéiert duerchzebréngen. Dohir goufe si dacks vun den Nofolger am Ministär nees sigelooss. D'Monarchie huet am grousse Ganzen d'Impressioun hannerlooss, datt si keng kloer a konstant politesch Richtung ageschloen huet. E puer Beispiller:
- d'Justizreform vum Kanzler Maupeou gouf vum Louis XVI. falegelooss.
- d'Sozialreform huet zwar 1779 d'Sklaverei ofgeschaf, mee nëmme fir den Domaine royal. De Louis XVI. wollt net esouwäit goen, an dës Reform och bei den anere weltlechen a kierchlechen Häre vum Land duerchsetzen.
- d'Wirtschaftsreform: den Turgot wollt d'Korporatiounen an d'kinneklech Corvée ofschafen. Hie wollt d'fräi Zirkulatioun vun de Kären aféieren. Nodeems hie 1776 erausgehäit gi war, goufe seng Iddien nees verworf, an et ass een zum ale System zeréckgaangen.
- d'Steierreform: zënter dem 17. Joerhonnert koumen nei Steieren derbäi. Vu 1695 bis 1701 war dëst d'« capitation », déi en essentielle Fortschrëtt a Richtung Steiergläichheet bedeit huet. 1749 gouf de « vingtième » an d'Liewe geruff, deen d'ganz Bevëlkerung betraff huet, mee gouf nees sigelooss, well et zu zevill staarken Oppositioune vun de privilegiéierte Stänn Adel a Klerus koum.
[Änneren] D'Finanzkris
D'franséisch Kroun ass an de Scholden erdronk.
Wärend de Regierungszäite vum Louis XV. a Louis XVI. hu verschidde Ministeren, dorënner den Turgot, ouni vill Succès versicht, den Adel derzou ze bewegen, och Steieren ze bezuelen. Esou Mesuren hunn ëmmer nees zu enger staarker Resistenz vum Parlament gefouert, a konnten net duerchgesat ginn.
Ausserdeem hat sech Frankräich am Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich engagéiert, als éischt nëmmen andeems et Material geliwwert huet (1776), duerno och militäresch (1778). D'franséisch Hëllef huet den Amerikaner zwar gehollef, géint England ze gewannen - ënner anerem an der Schluecht vu Yorktown - mee zu engem immense Präis: iwwert eng Milliard Livres tournois hunn nach méi en déift Lach an de franséischen Budget geschloen.
Well d'Noutwennegkeet vun neie Steieren de Kinnek an eng schwiereg Positioun mam Adel bruecht huet, huet de Maurepas "nei Männer" ("hommes nouveaux", François Mignet) erausgesicht. Den Turgot, de Chrétien de Malesherbes an de Jacques Necker hunn een nom anere versicht, de Steiersystem ze reforméieren, an och aner Reformen duerchzesetzen, wéi zum Beispill d'Dépensë vum Haff ze verklengeren, mee all Versuch war ëmsoss.
Am Géigesaz dozou huet de Calonne, Finanzminister zënter 1783, op en Neits grouss Ausgabe vun der Monarchie am Stil vum Louis XIV. erlaabt. Wéi de Calonne den 22. Februar 1787 eng Notabeleversammlung aberuff huet, fir der finanzieller Situatioun op de Grond ze goen, war Frankräich quasi bankrott: kee war méi bereet, der Monarchie Sue fir hirt extravagant Liewen ze léinen. Dem François Mignet no stung de Prêt scho bei enger Milliard a 646 Millioune Livres bei engem järlechen Defizit vun 140 Milliounen. De Calonne gouf duerch säin Haaptgéigner Étienne-Charles de Loménie de Brienne, Äerzbëschof vu Sens, ersat, mee un der Situatioun huet sech näischt geännert: et kënne keng weider Prêtën opgeholl ginn. D'Notabeleversammlung ass mat provinziale Versammlungen averstanen, enger Reglementatioun vum Handel vum Wees, dem Ofschafe vun de Corvées an enger neier Steier op den Timber; duerno huet si sech de 25. Mee 1787 nees zeréckgezunn.
De Sträit zu deem et duerno mat de Parlamenter komm ass, fir dës Decisiounen duerchzesetzen, weist éischt Unzeeche vum Enn vun der Gesellschaft vum Ancien Régime. Virun dëse Problemer kruten d'Protestanten hir Rechter zeréck, an de Louis XVI. huet versprach, all Joer e Bilan vun de Finanze vum Kinnekräich erauszebréngen, an d'Generalstänn an den nächste fënnef Joer zesummenzeruffen.
D'Parlamenter an de Provënzen hunn hir Oppositioun vis-à-vis vun der ministerieller Tyrannei kloer gemaach. Als Konsequenz dovunner goufe verschidden Adleger verbannt. Et koum zu Opstänn am Dauphiné, an der Bretagne, an der Provence, a Flandern, am Languedoc an am Béarn.
Aus der Finanzkris ass eng politesch Kris ginn.
Generell Informatiounen: Ursaachen · Deklaratioun vun de Mënscherechter · Marseillaise · Republikanesche Kalenner
Evenementer: Stuerm op d'Bastille · Assemblée constituante (1789) · Assemblée législative (1791-92) · Commune vu Paräis (1792) · Koalitiounskricher · Opstand vun der Vendée (1793, 1796) · Convention nationale · Terreur · Directoire · Consulat
Persounen: Affer vun der Guillotine · Jakobiner · Montagnards · Sans-culottes · Danton · Marat · Mirabeau · Robespierre
Séier fannen: Chronologie · Glossaire · Lëschten · Bibliographie