Villefranche-sur-Mer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Villefranche-sur-Mer ass eng franséisch Gemeng, déi zum Departement Alpes Maritimes an zur Regioun Provence-Alpes-Côte d'Azur gehéiert. Opgrond vun engem Decret vum 18. Mäerz 1988 ass aus Villefranche haut Villefranche-sur-Mer ginn.
D'Awunner heesche Villefranchois.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geographie
Villefranche-sur Mer läit op der Côte d'Azur tëschent Nice a Monaco an ass an enger Mierbucht (rade op frans.) situéiert, déi begrenzt gëtt duerch de Cap vun Nice an de Cap Ferrat.
[Änneren] Geschicht
Well am Altertum d'Awunner vu dëser Localitéit den Attacke vun de Barbaren ausgesat waren, hate se Zouflucht rondrëm an de Bierger gesicht. Fir d'Awunner z'encouragéieren erëm op de strategesche Site beim Mier zeréckzekommen, huet 1295 de Charles d'Anjou, Grof vun der Provence, si vun de Steiere befreit. Villefranche ass eng Villa Franca ginn. Dohir hiren Numm. Bis den Hafe vun Nice gebaut gouf, war Villefranche deen eenzegen Hafen an deem Streech an huet dovu finanziell staark profitéiert. Den Hafe gouf spéider befestegt an d'Festung vum Mont Alban an d'Citadell Saint-Elme gebaut (1557).
Nom Zweete Weltkrich war déi 6. Amerikanesch Flott an der Rade vu Villfranche doheem. Haut ass dës Rade vu Croisière-Schëffer staark besicht a Villefranche ass zu enger beléiften Openthaltsplaz fir Touriste ginn.