Vincent van Gogh
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Vincent van Gogh, gebuer den 30. Mäerz 1853 zu Groot-Zundert, haut Zundert, bei Breda a gestuerwen den 29. Juli 1890 zu Auvers-sur-Oise, am franséischen Departement Val-d'Oise, war een hollännesche Moler.
De Jong vun engem Paschtouer huet vun 1869 bis 1876 bei verschiddene Konschthändler geschafft. Duerno war hie kuerz als Missionar an dem belsche Kuelerevéier Borinage aktiv.
1880 huet hien als Autodidakt ugefaangen, nom Virbild vun den hollännesche Meeschteren ze zeechnen. Hien huet säi Konschstudium zu Antwerpen ofgebrach an huet vun 1886 bis 1888 zu Paräis um Montmartre gelieft a gemoolt.
Ënnert dem Androck vun den Impressionnisten Henri de Toulouse-Lautrec, Paul Gauguin souwéi vu japaneschen Holzschnëtte goufen d'Liicht an d'Faarwe vu senge Biller ëmmer méi hell an hien huet sech och mat der Landschaftsmolerei an den Nature morte befaasst.
Op der Sich no méi Faarf goung de van Gogh an déi sonneg Provence op Arles, wou hien d'Technik vun der Rouerfiederzeechnung entwéckelt huet. Do huet hien 1888 seng bekanntest Wierker gemoolt.
Säi Versuch, fir mam Paul Gauguin zesummen eng Kënschtlerkolonie ze grënnen, huet mat dem van Gogh sengem psycheschen Zesummebroch gëendegt. Hien huet sech 1888 säin Ouer selwer mutiléiert.
Vu sengem Brudder Theo, dee säi ganzt Liewen fir de Vincent van Gogh gesuergt huet, gouf hien an eng Klinik bruecht, wou hie vill Biller gemoolt huet, bis e sech wärend enger Nervekris d'Liewe geholl huet.
Seng Wierker, déi zu senge Liefzäiten nëmme wéineg Unerkennung fonnt hunn - hien hat selwer nëmmen eent vu senge Biller verkaaft kritt - huet d'Konscht vum 20. Joerhonnert definitiv beaflosst.