Wostok
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D’Wostok [vɔsˈtɔk] (russesch Восток fir Osten) war de Numm vun der éischter bemannter sowjetescher Raumkapsel. Vun 1961 bis 1963 huet d’UdSSR sechs bemannte Kapsele vun dëser Serie gestart. U Bord vu Wostok 1 koum den 12. Abrëll 1961 de Juri Gagarin als éischte Mënsch an eng Äerdëmlafbunn. Mat der Wostok 6 koum de 16. Juni 1963 d’Walentina Wladimirowna Tereschkowa als éischt Fra an de Weltraum.
Déi eesëtzeg Wostok-Raumkapsele goufe mat de Wostok-Rakéite gestart a sinn op enger relativ nidreger Ëmlafbunn geflunn. D’maximal Missiounsdauer an d’Steierméiglechkeeten vum Pilot ware staark begrenzt. D’Wostok-Kapsele goufen an der Zäit duerno als Basis fir verschidde militäresch an zivil onbemannte Satelliten vun der Kosmos-Serie gebraucht. Vun 1985 u si si ënnert der Bezeechnung Foton geflunn. An der bemannter Raumfaart gouf d'Wostok-Kapsel spéider duerch déi méi grouss Woschod-Raumkapsel ofgeléist.