Zockerfabrik vu Miersch
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' S.A. Sucrière du Luxembourg, d' Zockerfabrik vu Miersch, gouf den 26. Dezember 1868 ënner dem Impuls vum Joseph Servais (1819-1890), deen déizäit Buergermeeschter zu Miersch war, gegrënnt.
D'Statute vun der Gesellschaft goufen duerch arrêté royal grand-ducal vum 28. Januar 1869, publizéiert den 13. Februar 1869 am Mémorial N° 4, approuvéiert.
D'Gesellschaft hat e Kapital vun 1.000.000 Frang, ënnerdeelt an 2.000 Aktien zu 500 Frang. Haaptaktionnär war de Baron Eugène de Lafontaine, Administrateur vun der Société anonyme d'agriculture industrielle vu Léck mat 380 Aktien.
Ëm 1888 ass d'Fabrik zougemaach ginn.
[Änneren] Fir ze liesen
- Roger Hilbert: D'Geschicht vu Miersch II. Deel Dat neit Miersch, erausgi vun der Gemeng Miersch, 1994