Äerdmagnéitfeld
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Äerdmagnéitfeld beaflosst elektresch gelueden Deelecher an der sougenannter Magnéitosphär vun der Äerd. Dës geet bis zu 60.000 km wäit an de Weltall. Duerch de Sonnewand (elektresch gelueden Deelecher vun der Sonn), gëtt d'Magnéitosphär wäit an de Raum gestreckt.
D'Magnéitfeld vun der Äerd berout op Konvektiounsstréim am geschmoltenen bausseschten Äerdkär. D'Hëtz an den Drock an der Äerd suerge fir permanent Bewegungen vum bausseschte Kär. Dës Bewegungen ruffen elektresch Stréim ervir, déi de Planéit a e risege Magnéit verwandelen. Wéi e Stabmagnéit huet d'Äerd zwee Magnéitpolen. Een an der Géigend vum geographeschen Nordpol an een an der Géigend vum geographeschen Südpol.
D'Grenz vum Magnéitfeld nennt een Magnéitopaus an de Magnéitschwanz ass wou d'Magnéitfeld vum Sonnewand ewechgezu gëtt.