Äerdmass
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Als Äerdmass bezeechent een d’Mass vum Planéit Äerd. Si ass 5,9736•1024 kg. Bal 70 Prozent dovun entfalen op den Äerdmantel.
Dës Gréisst gëtt oft genotzt, fir d’Mass vu Planéiten relativ zu eiser Äerd ze beschreiwen. Eng grouss Roll spillt si niewent der Astronomie och an der Geodäsie, Physik an an der Raumfaart.
Bezugsobjet | Wert | Verhältnësser | weider Vergläicher |
---|---|---|---|
Äerdmound | 7,348·1022 kg | 1 Moundmass | ca. 1/81 Äerdmass |
Äerd | 5,9736·1024 kg | 1 Äerdmass | 81,2 Äerdmoundmassen |
Jupiter | 1,8986·1027 kg | 1 Jupitermass | 317,8 Äerdmassen |
Sonn | 1,9891·1030 kg | 1047 Jupitermassen | 332.946 Äerdmassen |
D’Bestëmmung vun der Äerdmass M kann nëmmen zesummen mat der Gravitatiounskonstant G geschéien, déi een am Moment erréischt op 4-5 Stellen kennt (G = 6,674.10-11 m³/kg.s² ). Dogéint kann d’Produkt G.M mat Methode vun der Satellitengeodäsie vill méi genee berechent ginn (G.M = 3,9860042.1014 m³/s² ).
Am Kader vun der Bestëmmbarkeet vun dësem Wert kann d’Äerdmass als Konstant gëllen, well sech hiren eventuelle Massezowuess eréischt wäit déisäit vun der 8. Dezimal ofspillen. Zu dem Massezouwuess ziele virun allem déi ronn 40 Milliounen Tonnen un Meteoritenstëbs, déi all Dag op eis Äerd falen. Zum Masseverloscht gehéiert d’Entwäiche vu liichte Gasen (besonnesch Waasserstoff) aus der Héichatmosphär an de Weltraum.