Äischdallbléiser Habscht
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Äischdallbléiser Habscht ass den Numm vun engem Lëtzebuerger Danzorchester, deen aus 15 Leit besteet. Dëse Grupp setzt sech zesummen aus verschiddene Leit aus der Harmonie Hobscheid an aneren Idealiste vu ronderëm aus aneren Orchesteren an Harmonie-Orchesteren:
- 1 Dirigent
- 3 Klarinettisten
- 3 Trompettisten
- 2 Tubisten
- 1 Bassist
- 2 Saxophonisten (Tenor)
- 2 Saxophonisten (Alto)
- 1 Batteur
[Änneren] Grënnung a Geschicht
Gegrënnt gouf de Grupp 1995 mat engem Grapp voll Leit. An den éischte Joren huet de Grupp fir Kapesëtzunge gespillt, déi deemools vun der Theater-Equipe vun Habscht organiséiert goufen. No e puer Joer ass awer mat dëse Kapesëtzungen opgehal ginn, an de Grupp stoung virun der Fro fir sech opzeléisen. Et hu sech duerno ëmmer méi Leit ugeschloss a sou besteet den Orchester nach bis haut.