Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
Dësen Artikel zum Zweete Weltkrich ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Albert Ungeheuer, * 30. Mee 1915 zu Mäertert, † 19. Mee 1944, erschoss am KZ Natzweiler-Struthof, war e grousse lëtzebuergesche Resistenzler. Hien huet zu Déifferdeng gewunnt. a war Member vum Resistenz-Mouvement PI-Men. Als Passeur huet hie vill Lëtzebuerger (meeschtens Deserteuren, déi an d'Wehrmacht zwangsrekrutéiert gi waren) iwwer d'Grenz bruecht, déi dunn am Opfanglager Clermont-Ferrand/Les Ancises ënnerkom si. Mat Hëllef vun engem Lëtzebuerger Verréider ass d'Gestapo derhanner kom an de Reseau ass opgeflu. Vill sinn der verhaft ginn. Den Albert Ungeheuer a seng Stellvertrieder Marcel Jung, Jean Cros, Michel Gaspard a Marcel Meyer si du an d'KZ op Hintzert kom. Den 18. Mee 1944, sinn se op Natzweiler iwwerféiert ginn an do den aneren Dag, zesummen mat aneren Patrioten, an enger Kiselkaul erschoss gi. No him ass d'Associatioun vun den Wehrmachtdeserteuren, d'Amicale Albert Ungeheuer, benannt ginn.
D'Stad Déifferdeng huet him e Gedenksteen opgeriicht. Do dréit och e Pad, de Sentier Albert Ungeheuer säi Numm. Et ass dee Wee, dee beim Fonds de Gras duerch de Bësch féiert an iwwert deen d'Lëtzebuerger Deserteuren no Frankräich geschleist se ginn.
- Dollar, Jacques. - Albert Ungeheuer, martyre de la Résistance, Luxemburger Wort. - Jg. 156(2004), Nr. 116(19. Mai), p. 11-12, ill.