Alpnach
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|
---|---|
Land: | Schwäiz |
Kanton: | Obwalden |
Awunner: | 5.216 (31. Dezember 2005) |
Héicht: | 464 Meter |
Fläch: | 5.698 ha |
Geographesch Koordinaten: | 46° 56’ 25’’ N, 08° 16’ 25’’ O |
Alpnach ass eng Schwäizer Gemeng am Kanton Obwalden.
Gemeng besteet aus dräi Haaptwunngebidder: Alpnach-Dorf, Alpnach-Stad a Schoried. Et ass déi nërdlechst Gemeng am Kanton.
Alpnach läit um Alpnacherséi an ass bekannt wéinst der géiester Zännradbunn vun der Welt déi op de Pilatus eropgeet.
Um Alpnacherséi deen e Säitenaarm vum Vierwaldstätterséi ass, si Plagen an et kann en do do och Wandsurfen.
Am Dall läit de Militärfluchhafen Alpnach (ICAO-Code:LSMA), deen eng Helikopterbase vun der Schwäizer Loftwaff ass.
Alpnach ass eng ländlech Gemeng an e groussen Deel vun der Economie gëtt vun der Mëllechwirtschaft an der Kéisproduktion duergestallt. Bekannt Kéise sinn de Parmino, den Obwaldner Alpekéis an de Sbrinz.