André Duchscher
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den André Duchscher, gebuer den 19. November 1840 zu Esch-Sauer a gestuerwen de 17. Januar 1911 zu Wecker, war en Auteur vu Kaméidistécker an Iechternacher Mondaart an e sozialdenkenden Industriellen.
Hien huet 1873, zesumme mam C. M. Spoo, zu Wecker eng Fabrik fir landwirtschaftlech Maschine gegrënnt.
1875 huet hien eng Aarbechterspuerkeess gegrënnt, 1885 eng Onfallassurance, 1892 eng Krankekeess an eng Handwierkerschoul an 1898 eng Invalidekeess.
Vun 1890 un huet hien Arbechterhaiser fir seng Aarbechter baue gelooss.