Aristagoras
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Aristagoras wor en Tyrann vu Milet am 6. a fréien 5. Joerhonnert v. Chr.
Hie wor de Jong vum Molpagoras an de Schwoër vum Histiaeus deen d'Perser als Tyrann vu Milet agesat haten. Den Aristagoras koum un d'Muecht wéi den Histiaeus Conseiller vum persesche Grousskinnek Dareios I. gouf. Wéi Naxos sech 502 géint d'Perser revoltéiert huet, hunn d'Perser vun der Insel den Aristagoras ëm Hëllef geruff, an domadder wor hien direkt d'Accord, an der Hoffnung selwer Herrscher iwwert d'Insel kënnen ze ginn. Zesumme mam Artaphernes, Satrap vu Lydien, huet hie sech mat enger Flott op de Wee gemaach. Allerdéngs krut den Aristagoras sech mam Kapitän vun der Flott Megabates an d'Hoër deen doropshi Naxos virgewarnt huet an sou wor déi ganz Expeditioun eng Néierlag.
Aus Angscht virun de Perser huet sech den Aristagoras mat den Ionier zesummegedo an en Opstand un d'Rulle bruecht. 499 gouf den Aristagoras zu Milet vum gréissten Deel vun der Bevëlkerung ënnerstëtzt. Amplaz vun der Tyrannis gouf eng Demokratie op d'Bee gestallt a kuerz drop huet sech d'Revolt a ganz Ionien verbreed.
Doropshinn huet sech den Aristagorasop de Wee a Griicheland gemaach, fir weider Ënnerstëtzung ze sammelen. Zu Sparta huet hie sech mam Kinnek Kleomenes getraff a versicht hien z'iwwerzeegen mat den Argumenter datt d'Perser eng schwaach Arméi hätten an datt ët vill Räichtümer fir d'Männer ze huele géif ginn. Den Kleomenes wor allerdéngs anerer Meenung an huet d'Offer zeréckgewisen. Méi Gléck hat den Aristagoras zu Athen well, wann een dem Herodot gleewe kann, ass et méi einfach, eng ganz Versammlung vun Athener z'iwwerzeegen, wéi ee spartanesche Kinnek.
Mat der Hëllef vun den Athener huet den Aristagoras Sardis ugegraff, d'persesch Haaptstad an Ionien. Mee déi ganz Revolt war eng Néierlag fir d'Griichen, an den Aristagoras huet sech duerch d'Bascht gemaach. An Thrakien huet hie versicht eng Kolonie ze grënnen, do wou spéider d'Athener Amphipolis grënne wäerten.
Schlussendlech gouf hie vun Thrakier ëmbruecht wéi hien eng thrakesch Stad ugegraff huet.
[Änneren] Kuckt och
Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia zum antike Griicheland. |