Arno Schmidt
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Arno Otto Schmidt, den 18. Januar 1914 als Jong vun engem Polizist zu Hamburg gebuer, a gestuerwen den 3. Juni 1979 zu Celle am Spidol, no engem Hierschlag vum 1. Juni, war en däitschen Auteur.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Säi Liewen
No sengem Ofschloss op der Oberrealschule 1933 zu Görlitz, studéiert hien e puer Méint do op der Handelschule. Vun 1934 u schafft den Arno Schmidt op de Greiff-Werke, enger Textilfabrik zu Greiffenberg als Léierbouf. Hie schafft do bis 1940 als Kontabel vum Lager vun der Fabrik. Den Arno Scmidt léiert do och séng zoukënfteg Fra, d'Alice Murawski, kennen, eng Sekretärin.
Eng kleng Ierfschaft erlaabt et dem Arno an dem Alice Schmidt Miwwele fir hir Wunneng ze kafen, an di eenzeg Rees vun hirem Liewen ze maachen, op London fir 3 Deeg.
1940 gëtt den Arno Schmidt an di däitsch Artillerie agezunn, an déngt zu Stroossbuerg an an Norwegen als Schreifkraaft a verschiddene Büroen. 1945 gëtt hien englesche Krichsgefaangenen zu Bréissel ; seng Fra ass geflücht, an hire klenge Besëtz ass verluer. Dat sälwecht Joer gëtt hien nach fräigelooss a plënnert matt senger Fra op e Millenhaff zu Cordingen. Do schaffen si béid als Iwwersetzer fir di däitsch Polizei.
1947 décidéiert den Arno Schmidt, als fräie Schrëftsteller ze liewen. 1934 an 1935 huet hie seng éischt Gedichter un den Hermann Hesse an den Hermann Stehr geschéckt. 1949, no der Bekanntschaft mam Ernst Rowohlt zu Hamburg publizéiert hie säin éischt Buch : Leviathan, dat zum Deel aus sengen eegenen Nokrichserfahrungen zu Cordingen besteet. D'Buch krut gutt Kritiken, ma huet sech bal net verkaaft. 1950 kritt hien de Literaturpräis vun der Akademie der Wissenschaften vum Alfred Döblin iwwerreecht. De Präis, an séng Aarbechte fir de Radio brénge genuch Sue fir sech an senger Fra e klengt Landhaus zu Bargfeld bei Celle ze kafen, engem klengt Duerf mat 350 Awunner a 45 Haiser. Do wunne si zesumme bis zum Doud vum Arno Schmidt. Zu Bargfeld huet den Arno Schmidt also de gréissten Deel vun senge Bicher a Literaturkritike geschwriwen.
1964 kritt de Schmidt de Fontane-Präis, 1965 de Präis fir Literatur vum Kulturkrees am Bundesverband vun der däitscher Industrie.
[Änneren] Zettels Traum
1970 kënnt dat Buch eraus, dat dem Schmidt säin Haaptwierk wäert ginn : Zettels Traum. D'Buch ass e Faksimile vum Schmidt sengen Typoskripten an DIN A3 mat den handschrëftlechen Notte vum Auteur. Et besteet aus 1334 A3 Säiten, an 3 onofhängeg an zesummenhängend Geschichten déi sech op 3 Kolonne simultan verdeelen. Gutt 6 Joer hat den Arno Schmidt sech zeréck gezunn, hat opgehalen op Bréiwer z'äntweren an hat bal Dag an Nuecht just um Zettels Traum geschafft. Déi Aarbecht huet hien nach fir Jore gesondheetlech matgeholl, a säin éischten Häerzschlag, 1972, dierft wuel domat zesummenhänken.
De leschte Saz, deen den Arno Schmidt geschriwwen huet, war : "Ist Fleiß für Menschen & Tiere eine einfache (Lebens)Notwendigkeit?"
[Änneren] Den Arno Schmidt a Lëtzebuerg
Am Abend mit Goldrand ass ee vun den Haaptpersonnagen, d'Ann'Ev', eng Lëtzebuergerin, déi vu Garnech ass. Dëst Duerf gëtt ganz genee beschriwwen:
- "Ach ja; da'ss de Kirch; (D's Pfarrhaus auf der Rue St. Hubert. (?): Das Flüsschen iss de Mamer.- (?): Cafés giebt's 2: René Müller,auf der Rue de Cimetière; und d's andre, von der Madame Ehringer=Gretten,auf der Rue des 3 Cantons: da iss es.- Rathaus und Sparkass' auf der Rue de l'École. Die Post auch;(und der Schmied, der Wolff). Bäcker; Tischler,Épicerie'n; 2 marchand=tailleurs. - Hier wohnt der Dr.René Kerschen über's WochnEnd (...)." (Säit 72).
Den Arno Schmidt huet d'Ann'Ev' vu Garnech komme gelooss, well him dat Wuertspill "Garnich" - "Gar=nich" gefall huet. Queesch duerch d'Buch verzielt d'Ann'Ev' vu Lëtzebuerg, et ameséiert sech iwwer Nimm wéi "Mösdorf" a "FötzBusch", an et gi Referenzen op d'Geographie, Geschicht, Riedensaarten, Stroossen- a Persounennimm, Institutiounen, Butteker, d'groussherzoglech Famill, asw. Och seng Sprooch ass mat Lëtzebuergeschen Interferenzen agefierft. Am Typoskript akopéiert si weiderhin: en Timber vu 4 Frang, , eng Etikett vun enger Librairie aus der Stad (Säit 130), an eng Nummsetikett vun engem "Confiseur", (das kenns'D nich ?:" 'NAMUR' ? : d's sind die bestn Prali'ées der Welt. (Säit 70).
Dobäi ass den Arno Schmidt ni zu Lëtzebuerg gewiescht. Seng Kenntnësser hat en iwwert e Frënn, den Här Simon, deen zu Bäereldeng gewunnt hat, deen Iwwersetzer bei der CECA war, an deen him Bicher iwwer Lëtzebuerg geschéckt hat (dorënner de Lëtzebuerger Dictionnaire, en Telefonsbuch, eng Landkaart, asw.
De Gast Rollinger vun Esch-Uelzecht war den Arno Schmidt op Bargfeld besiche gaangen. Hie konnt mat dem Schmidt poteren, huet awer leider dat Gespréich net däerfe filmen a keng Fotoë maachen.
[Änneren] Wierker
- Leviathan Rowohlt Verlag, Hamburg 1949
- Brand’s Haide, Rowohlt Verlag, Hamburg 1951
- Die Umsiedler, Frankfurter Verlagsanstalt, Frankfurt/Main 1953
- Aus dem Leben eines Fauns, Rowohlt Verlag, Hamburg 1953
- Kosmas oder Vom Berge des Nordens, Agis Verlag, Krefeld 1955
- Das Steinerne Herz, Stahlberg Verlag, Karlsruhe 1956
- Die Gelehrtenrepublik, Stahlberg Verlag, Karlsruhe 1957
- Fouqué und einige seiner Zeitgenossen, Bläschke Verlag, Darmstadt 1958
- Dya Na Sore – Gespräche in einer Bibliothek, Stahlberg Verlag, Karlsruhe 1958
- Rosen & Porree, Stahlberg Verlag, Karlsruhe 1959
- KAFF auch Mare Crisium, Stahlberg Verlag, Karlsruhe 1960
- Belphegor, Stahlberg Verlag, Karlsruhe 1961
- Sitara und der Weg dorthin, Stahlberg Verlag, Karlsruhe 1963
- Kühe in Halbtrauer, Stahlberg Verlag, Karlsruhe 1964
- Die Ritter vom Geist, Stahlberg Verlag, Karlsruhe 1965
- Trommler beim Zaren, Stahlberg Verlag, Karlsruhe 1966
- Der Triton mit dem Sonnenschirm, Stahlberg Verlag, Karlsruhe 1969
- Zettels Traum, Stahlberg Verlag, Stuttgart 1970
- Die Schule der Atheisten, S. Fischer Verlag, Frankfurt/Main 1972
- Abend mit Goldrand, S. Fischer Verlag, Frankfurt/Main 1975
- Julia, oder die Gemälde, Haffmans Verlag, Zürich 1983
- Arno Schmidts Lilienthal 1801 oder Die Astronomen. Fragmente eines nicht geschriebenen Romans, Eine Edition der Arno Schmidt Stiftung im Haffmans Verlag, 1996
[Änneren] Gesamtwierk
- Werkgruppe I, Romane, Erzählungen, Gedichte, Juvenilia
- - Band 1: Enthymesis, Leviathan, Gadir, Alexander, Brand’s Haide, Schwarze Spiegel, Umsiedler, Aus dem Leben eines Fauns, Seelandschaft mit Pocahontas, Kosmas (1987)
- - Band 2: Das steinerne Herz, Tina, Goethe, Gelehrtenrepublik (1986)
- - Band 3: Kaff auch Mare Crisium, Ländliche Erzählungen (Windmühlen, Der Sonn entgegen, Schwänze, Kühe in Halbtrauer, Großer Kain, Kundisches Geschirr, Piporakemes, Wasserstraße, Die Abenteuer der Sylvesternacht, Caliban über Setebos) (1987)
- - Band 4: 38 kleinere Erzählungen, Gedichte, Juvenilia (Die Insel, Dichtergespräche im Elysium, Der junge Herr Siebold, Der Rebell, Das Kraulemännchen, Das Haus in der Holetschkagasse, Der Garten des Herrn von Rosenroth, Die Fremden, Mein Onkel Nikolaus, Pharos) (1988)
- Werkgruppe II, Dialoge
- - Band 1: Massenbach, Cooper, Brockes, Fouqué, Pape, May, Schnabel, Das bessere Europa, Wieland, Meyern, Die Meisterdiebe, Klopstock, Moritz (1990)
- - Band 2: Joyce, May, Stifter, Krakatau, Herder, Vorspiel, Oppermann, Wezel, Die Kreisschlösser, Müller, Tieck, Schefer, Dickens, Geschwister Brontë, Joyce (1990)
- - Band 3: Das Zweite Programm, Joyce, May, Frenssen, Stifter, Gutzkow, Lafontaine, Joyce, Collins, Bulwer-Lytton, Spindler (1991)
- Werkgruppe III, Essays und Biografisches
- - Band 1: Fouqué und einige seiner Zeitgenossen (1993)
- - Band 2: Sitara und der Weg dorthin (1993)
- - Band 3: Essays und Aufsätze 1 (1995)
- - Band 4: Essays und Aufsätze 2 (1995)
- Werkgruppe IV, Das Spätwerk
- - Band 1: Zettels Traum (déi Editioun ass nach net publizéiert)
- - Band 2: Die Schule der Atheisten (1994)
- - Band 3: Abend mit Goldrand (1993)
- - Band 4: Julia, oder die Gemälde (Fragment; 1992)
- Supplemente
Band 1: Fragmente. Prosa, Dialoge, Essays, Autobiografisches
- Briefe
- - Band 1: Der Briefwechsel mit Alfred Andersch (1985)
- - Band 2: Der Briefwechsel mit Wilhelm Michels (1987)
- - Band 3: Der Briefwechsel mit Eberhard Schlotter (1991)