Arsenal (Wien)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Arsenal ass e virmolege militäresche Komplex vu Gebaier am Südoste vu Wien am 3. Wiener Gemengebezierk.
Déi mächteg Anlag, déi aus Bauten aus Siichtzille besteet, steet op engem rechteckege Grondrëss um Hiwwel südlech vum Landstrasser Gürtel. Si ass déi wichtegst profan Baugupp vum romanteschen Historismus zu Wien a gouf an italienesch-mëttelalterechen bzw. byzantinesch-islamesche Formen ausgefouert. Am wesentlechen ass d'Anlag nach an hirer ursprénglecher Form erhalen, nëmmen d'Wierkstadsgebaier am Haff goufen duerch Neibauten ersat.
D'Anlag gouf zum Ulass vun der Mäerzrevolutioun 1848 vun 1849 bis 1856 gebaut a war den éischte Bau vum Festungsdräieck, wat déi al Stadbefestegung ofgeléist huet, mat der Rossauer Kasär an enger Kasär um Stubenring. Dobäi goufen d'Bauwierker ënnert der Zouweisung vu Sekteure vun den Architekte Carl Rösner, Antonius Pius de Riegel, August Sicard von Sicardsburg, Eduard van der Nüll, Theophil von Hansen a Ludwig Förster geplangt an duerch de Baumeeschter Leopold Mayr gebaut. Den Heeresgeschichtleche Musée gouf eréischt 1891 fäerdeg ausgebaut. An der Folgezäit koum et ëmmer nees zu Erweiderungen. Während de Weltkricher war de Gebaierkomplex eng Kasär an eng Waffefabrik.
Den Arsenal war awer net ëmmer en Deel vum 3. Bezierk vu Wien, vum Bau bis an d'Joer 1938 huet dësen Territoire zum Bezierk Favoriten gezielt. Wéi awer am Drëtte Räich de Reichsgau Grouss-Wien an d'Liewe geruff ginn ass, goufen den Arsenalkomplex an d'Territoire südëstlech dervunner Deeler vum drëtte Bezierk.
1945 gouf de ganzen Territoire duerch Bomme schwéier geschiedegt, mee konnt awer gréisstendeels a senger ursprénglecher Form nees hirgestallt ginn. Et koumen awer virun allem am südlechen Deel am Bannenhaff e puer nei Gebaier derbäi, sou zum Beispill vu 1959-63 d'Dekoratiounsateliere vun de Bundestheater, 1961-63 d'Fernmeldezentralamt an 1973 d'Betribs- a Bürosgebai vun der Post- und Telegraphendirektioun fir Wien, Nidderéisträich an d'Burgenland (haut Technologiezentrum Arsenal vun der Telekom Austria) mam 160 Meter héige Funktuerm Wien-Arsenal.
Och de Fuerschungszentrum Arsenal, dee sech mat enger vun de gréisste Klimakummere weltwäit (an der Tëschenzäit op Floridsdorf geplënnert) en Numm gemaach hat, gouf am Komplex ënnerbruecht. E klengen Deel vun der Anlag gëtt haut och nach vun der éisträichescher Arméi als Kasär benotzt.
Am Arsenal fënnt een och d'Proufbühn vum Burgtheater souwéi d'Zentraldesinfektiounsanstalt vun der Gemeng Wien. An engem Deel vum Arsenal gëtt et haut och Wunngebaier.
[Änneren] Literatur zum Thema
- Peter a Wolfgang Schubert, Das Wiener Arsenal, Mayer & Comp. (ISBN 3-902177-03-9)
- Josef Gerdenitsch, Das Wiener Arsenal in der Ersten Republik; die politische, wirtschaftliche und militärische Bedeutung in den Jahren 1918 - 1927, Universitéit Wien, 1968.
- Erich Schroll an Alfred Diemling, Arsenal 2000: Bundesversuchs- und Forschungsanstalt Arsenal, Metrica-Fachverlag Bartak, 1990. (ISBN 3-900368-19-8)