Wikipedia:Artikel/Regelen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Zil vun dëser Säit ass et, Iech e puer Regele vu Wikipedia méi no ze bréngen.
Hei sinn déi wichtegst, déi een ze respektéieren huet :
- D'Artikele vu Wikipedia ginn ënnert der GNU Free Documentation License (GFDL) geschriwwen. Dës Lizenz verbitt all kopéiere vu Saachen déi ënnert Copyright stinn. Dat beinhalt all Reproduktioun vun enger Internetsäit, engem Buch oder anerem Schreiwes ouni Autorisatioun a gëtt och ouni weideres direkt vun der Säit geläscht. Fir méi Info, liest d'Säit iwwer Copyright.
- Wikipedia ass eng Enzyklopedie. Deementspriechend sollen d'Artikelen neutral sinn. Fir méi Informatiounen dozou, liest den Artikel iwwer Neutralitéit. Allerdéngs gëtt et eng Rei Saachen déi Wikipedia net ass. Liest heizou den Artikel wat Wikipedia net ass.
Folgend Regele si manner wichteg, mee, wéi mir fannen, sinn einfach nëmmen e Beweis vu gesondem Mënscheverstand.
- D'Artikelen ginn net ënnerschriwwen. Jidderee kann trotzdeem gesi ween en Artikel geschriwwen huet, einfach andeems een uewen op der Säit op de Reider "Historique" klickt.
- Et ginn eng Partie typographesch Konventiounen déi der noliese kënnt.
Fir méi Detailer iwwert déi spezifesch Regelen, kuckt an der Rubrik Regelen.