Asklepios
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Asklepios (gr. Aσκληπιός / Asklêpiós; lat. Aesculapius) ass an der griichescher Mythologie de Gott vun der Heelkonscht. E gëlt als de Jong vum Apollo an der Koronis, der Duechter vum Kinnek Phlegyas vun Thessalien.
[Änneren] Mythos
Et gett verschidde Versiounen iwwert d'Elteren an d'Gebuert vum Gott. Eng dovun erzielt datt den Apollo d'Koronis ëmbruecht huet well si sech, währendeems se scho mam Asklepios schwanger war, mam stierflechen Ischys agelooss huet. Den Hermes huet d'Kand während der Läicheverbrennung vum Koronis aus dem Leif vun der Mamm gerett an et bei de Kentaur Cheiron bruecht, deen sech mat er Heelkonscht auskannt huet an de Jong doran ënnerwisen huet, sou wéi e séngerzäit och den Apollo ausgebild huet.
Eng zweet Versioun erzielt, datt d'Koronis sech op de Peloponnes zréck gezunn huet, wou si d'Gebuert vum Asklepios virom Apollo geheim hale wollt. Schliisslech huet si dee Neigebuerenen op dem Bierg Myrtion bei Epidaurus ausgesat, wou zwee Déieren hie fonnt hunn: d'Geess vum Hiert Aresthanas, déi d'Kand geniert huet, a säin Hond, dee wëll Déieren ofgewiert huet. Wéi den Aresthanes dunn och dozou komm ass an d'Kand opgehuewen huet, ass e Liichtstrahl aus dem Asklepios gefuer an den Hiert ass erféiert. Scho bal huet sech ëremgeschwat datt hie Kranker heele an Doudecher zum Liewen erweche kéint.
Als méiglech Pappen ginn och den Zeus an den Hermes uginn, sou wéi et och bei senger Mamm an der Gebuertsplaz verschidde Versioune gett.
Op elo aus gëttlecher Intuitioun oder duerch seng Geschécklechkeet, den Asklepios huet d'Heelkonscht wéi keen anere beherrscht an sech an der Medizin, der Chirurgie an de Kraider auskannt. Sou huet d'Athene himm z.B. d'Blutt vun der eenzeger stierflecher vun de Gorgonen, der Medusa, bruecht, mat deem et him gelongen ass en Doudegen zu Liewen ze erwechen.
Doropshinn huet den Zeus gefaart an Zukunft géif kee Mensch méi stierwen an huet den Asklepios mam Blëtz erschloen. Am Géigenzuch huet dunn den Apollo a senger Roserei d'Kyklopen, déi dem Zeus seng Blëtzer hiergestallt hunn, embruecht an huet als Strof dofir ee Joer laang d'Ranner vum Admetos missen hidden.
[Änneren] Kult
Fir Heelung ze erbieden, sinn déi Krank an den Asklepios-Tempel bruecht ginn wou se d'Nuecht verbruecht hunn. Am Schlof as hinnen dass den Asklepios begéint deen dem Patient Rotschléi a Behandlungsmethoden opgewisen huet déi hie sollten heelen. Als Merci hunn déi Geheelten him Affer duerbruecht. Aus verständleche Grënn war säi Kult war och enk mat der Ënnerwelt verbonnen.
Den Asklepios ass meeschtens als eelere Mann mat Baart, Lorbeer a mat Staf duergestallt ginn. Dee sougenannten Asklepiosstaf ëm deen sech eng Schlaang wéckelt ass zum Symbol vun der Heelkonscht ginn an ass och haut nach dacks ze gesinn, sou z.B. och an den Aushänkschëlder oder Fënsteren vun den Aptikten.
Helleg waren him: den Hunn, d'Eil, d'Schlaang an och d'Zypress.
Den Asklepios huet verschidde Bäinimm gedroen: Aglaopes, Apaleriacus, Archgetas, Aulonius, Causius, Coronides, Cotyläus, Demenaetus, Epidaurius, Gortynius, Hagnitas, Pergameuns, Tricäcus.
Hien ass haaptsächlech zu Epidauros, Athen, Knidos, Kos, Naupaktos, Pergamon a Sikyon veréiert ginn. Op der Insel Kos befënnt sech de weltberühmten Asklepieion, dat eelst Spidol vun der Welt, dat vum Hippokrates gegrënnt gouf. D'Ruine vun desem risege Komplex mat Tempel, Behandlungszëmmeren an Altoer kënne bis haut besiichtegt ginn.
[Änneren] Entspriechungen
- Aesculapius
- Esmun
- Imhotep
- Serapis
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der griichescher Mythologie. |