Banalitéit
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Banalitéite woren am Grondhärerecht technesch Installatiounen, déi allen Awunner vun der Seigneurie zur Verfügung stoungen, a wou sech de Grondhäer huet missen ëm den Entretien këmmeren. Als Konterpartie duerften d'Awunner nëmmen dës Ariichtunge benotzen, fir déi si hu misse bezuelen.
D'Haaptbanalitéite waren :
- de Bannuewen
- d'Bannmillen
- d'Bannpress
- de Wäimaart
Och laang nodeems dës kommunautär Ariichtungen ofgeschaf goufen, huet d'Landbevëlkerung weider un dëser kollektiver Praxis festgehalen, zum Beispill wann ët ëm d'Broutbake gaangen ass. Aus techneschen (en eegene perséinlechen Uewe bauen) a wirtschaftleche Grënn (bei nëmmen engem Uewen ass e minimum un Holz noutwänneg) hunn sech d'Awunner vun den Dierfer zesummegedo, fir e kollektiven Uewen ze bauen. Den individuellen Uewe konnt sech eréischt am 19. Joerhonnert duerchsetzen.
[Änneren] Um Spaweck
- (fr) E Bannuewen