Barry Marshall
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Barry J. Marshall, gebuer den 30. September 1951 zu Kalgoorlie a West-Australien) ass en australeschen Dokter.
De Marshall ass Professer fir Klinesch Mikrobiologie op der University of Western Australia. En ass bekannt dofir, nogewisen zu hunn, datt Helicobacter-pylori-Bakterien d'Ursaach si fir déi meeschte Moschwieren, an net de Stress oder gewierzten Iessen.
D' Theorie vum Helicobacter-pylori gouf um Ufank vu ville Wëssenschaftler net eescht geholl, well se der Meenung waren, Bakterien kéinten wéinst der Mosaier net iwwerliewen. Fir de Géigendeel ze beweisen, huet de Marshall 1984 e Reagenzglas mat deene Bakterie gedronk. Doropshin huet en e Moschwier kritt, deen e mat Antibiotika geheelt huet.
Am Dezember 2005 kritt hien zesumme mat dem J. Robin Warren den Nobelpräis fir Physiologie oder Medizin fir d'Entdeckung vum Helicobacter pylori.