Bernhard Studer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Bernhard Studer, gebuer den 21. August 1794 zu Büren bei Bern, a gestuerwen den 2. Mee 1887, war e Schwäizer Geolog. Hie war de Koseng vum Gottlieb Samuel Studer.
De Bernard Studer war zënter 1834 Professer fir Mineralogie op der Universitéit zu Bern.
1879 krut hien d’Wollaston-Medail vun der Geological Society of London .
[Änneren] Wierker
- Beyträge zu einer Monographie der Molasse, 1825
- Geologie der westlichen Schweizer-Alpen, 1834
- Geologie der Schweiz, 2 Bänn, 1851-1853