Bikini-Atoll
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Bikini-Atoll géhéiert zu de Marshall-Inselen. D'Vereenegt Staate vun Amerika hunn do vum 1. Juli 1946 un Atomtester gemaach ënner dem Numm Operatioun Crossroads.
Vum 7. März 1946 un ass d'Bevëlkerung vu Bikini op den Rongerik Atoll ausgesiidelt ginn. Et sinn iwwer 20 Essaië mat A-Bommen an H-Bommen gemaach ginn.
[Änneren] De Fändel
Déi 23 wäiss Stären am bloe Feld representéieren déi 23 Insele vum Atoll. Déi 3 schwaarz riets uewe sti fir déi 3 Inselen déi duerch den Atomtest vum 1. Mäerz 1954 vun der Äerduewerfläch verschwonn sinn (duerch eng Waasserstoffbomm vu 15 Megatonnen; Codenumm "Bravo").
Déi zwee schwaarz Stäre riets ënnen representéieren déi zwou Inselen op denen d'Bikinianer elo liewen: d'Kili-Insel, 425 Meile südlech vum Bikini-Atoll, an d'Ejit-Insel vum Majuro-Atoll. Déi zwee Stäre si symbolesch wäit ewech vun de "Bikini-Stären" fir duerzestellen datt dës Inselen esouwuel an der Distanz wéi och an der Liewensqualitéit wäit vunenee leien, wéi Bikinianer op hierer Websäit schreiwen.
De Saz deen an der Sprooch vun de Marshall-Insele geschriwwen ass: "MEN OTEMJEJ REJ ILO BEIN ANIJ" ("Alles ass a Gottes Hand.") sinn d'Wierder déi de Juda, de Repräsentant vun de Bikinianer, 1946 zum US-Kommodore Ben Wyatt gesot huet, deen op Bikini komm ass fir d'Leit ze froen d'Inselen opzeginn an ze evakuéieren fir datt d'USA kéinten hir Atomtester duerchféiere fir "d'Wuel vun der ganzer Mënschheet".
D'Ähnlechkeet mam amerikanesche Fändel soll d'Leit an d'Regierung vun den USA drun erënneren datt si ëmmer nach eng grouss Schold vis-à -vis vun de Bikinianer hunn.
[Änneren] De Bikini
Den Atoll huet dem Kleedungsstéck Bikini säin Numm ginn.