Wikipedia:Billeratelier
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wëllkomm am Billeratelier
Déi lëtzebuergesch Wikipedia ass fir hir Gréisst gutt ausstafféiert mat Fotoen, Grafiken a Kaarten. Et ginn der awer nach ëmmer gebraucht. Op dëser Säit geet et drëm, fir deenen, déi sech net mat Photoshop & Kompanie, wëllen erëmschloen oder dee Fotoprogramm, dee se doheem installéiert hunn, nach net richteg am Grëff hunn, eng Méiglechkeet ze bidden, hir Fotoen, souwäit et méiglech ass, verschafft ze kréien. A ville Schongkëschte leie Fotoe vu ville Reesen, déi vläicht kromm opgeholl sinn, vläicht just duerch e Faarfstéch (bei gescannten "ale" Fotoen) schampléiert sinn, Schréipsen hunn an deeës. Besonnesch bei digitale Fotoe léisst sech dacks (awer net ëmmer!!) eppes méi "eraushuelen". Onschaarf Fotoe bleiwen awer onschaarf!! Op de Commons sti vill Fotoen, déi "u sech" an der Rei sinn, mee d'Akaul nach musse gebotzt kréien. Wanns de also nach e Bild hues, un deem nach e bësse gefeilt muss ginn oder wanns de d'Meenung vun den aneren zu dengem Bild wëlls héieren, dann lued d'Bild heiriwwer erop an lee heimadden e neien Ofschnëtt un. Op dës Manéier ka jidderee mathëllefen, "eis" Biller nach besser ze kréien. |
[Änneren] E Modell
Beschreiwung | Bild wat soll verbessert ginn | Dat verännert Bild | |
---|---|---|---|
Am Artikel Borne stoung eng Foto vum Commons-User Tubantia: | |||
Éischte Fall | |||
dëst Bild gouf den Owend vun enger IP an den Robledo de Chavela gesat duerch Link op Commmons Cornischong 21:27, 16 Mäerz 2007 (UTC) | |||
Zweete Fall | |||
aus dem Hiefenech- Artikel Cornischong 10:45, 17 Mäerz 2007 (UTC) | |||
Drëtte Fall | |||
Bild fir an den Hans von Aachen Artikel Les Meloures 00:05, 18 Mäerz 2007 (UTC) | |||
Weider Informatiounen zum Bild fir an den Hans von Aachen Artikel : Op der Websäit vu Bildindex (op de Commons steet dëst als "Source: "Source: http://www.bildindex.de" [1] liesen ech: "Veröffentlichung der Fotos nur mit ausdrücklicher Genehmigung der besitzenden Institution!" Hunn ech do eppes net richteg bekäppt? --Cornischong 01:06, 18 Mäerz 2007 (UTC) Gudde Moien, Dëst steet och do
Dëst gëtt an der Eu Directive (93/98/EEC) festgehalen. Les Meloures 09:04, 18 Mäerz 2007 (UTC) || |