Bodrum
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Geographiesartikel zu der Tierkei ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Bodrum ass een tierkeschen Hafen am Golf vu Gokova vis-à-vis vun der griichescher Insel Kos. Bodrum läit an Anatolien, an engem Deel vu Klengasien dee fréier als Karien bekannt wor.
An der Antikitéit huet Bodrum Halikarnassos geheescht. Hautesdags ass Bodrum virun allem bei Touriste ganz beléift
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Sehenswürdegkeeten
[Änneren] Mausoleum
Zu Bodrum stong de Mausoleum: Hien gët zu de Siwe Weltwonner gezielt. Et handelt sech hei ëm dat monumentaalt Graf vum Kinnik Mausolus. De Mausolus war e persesche Satrapp (eng Art Gouverneur) a Kinnik vu Caria a Klengasien (376-353 v. Christus). Hie war relativ onofhängeg an hat sech zwar géint den Artaxerxes II revoltéiert, mä huet duerno mat de Perser gemeinsam Sach gemeet. Dat huet him erlaabt, seng Pouvoire bis op Rhodos ze vergréisseren. De Mausoleum gouf vu senger Schwëster, der Artemisia, déi gläichzäiteg seng Fra war, nom Doud vum Mausolus opgeriicht, an zwar opgrond vun sengen eegene Pläng.
De Mausoleum war eng véiereckeg Constructioun mat enger Héicht vu 45 m. Bannendra war eng Grafkummer. Vum Mausoleum sinn allerdengs nëmme méi d'Fëllementer iwwereg. D'Steng vun der Constructioun sinn am 15. Joerhonnert fir aner Zwecker gebraucht ginn, an zwar fir den Ausbau vum Schlass St. Pierre.