Bolid
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
E Bolid ass e Meteor, deen duerch seng ongewéinlech Gréisst explodéiert an dobäi aussergewéinlech hell opliicht. Méi liichtschwaach, mat wéineger Material ginn als Meteoren oder Stäreschnäize bezeechent.
E Bolid entsteet, wann e besonnesch grousse Meteoroid an d’Äerdatmosphär erakënnt. Wann de Meteor méi hell ass wéi -4 mag (mëttel schäinbar Hellegkeet vum Planéit Venus), da nennt een e Feierkugel oder Feierball. Eréischt wann de Meteor explodéiert, gëtt vun engem Bolid geschwat.
Heiansdo kënnt et vir, datt d’Gestengsmaterial erréischt beim Opprall op d’Äerduewerfläch oder kuerz driwwer explodéiert. D’Folleg dovun kann eng kilometerwäit Verwüstung, wéi bei dem Tunguska-Ereegnes sinn. Ass d’Material nët esou massiv, kann et zu enger spektakulärer Erscheinung kommen. [1]
[Änneren] Bekannten Ereegnesser
- Lugo-Bolid (-23 mag)<ref