Boxemännchen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
E Boxemännchen ass e Gebäck, aus Kuch- oder Briochesdeeg, a Form vun engem Männchen. Boxemännercher si gewéinlech tëschent 10 an 30 cm grouss. Si gi bal nëmmen an de Woche virun Niklosdag verkaf, a gehéieren zu deene Saachen, déi de Kleeschen zu Lëtzebuerg de Kanner bréngt.