Briseis
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Briseis (gr. Βρισηΐς / Brisêis), eng Figur aus dem Homer senger Ilias, Duechter vum Briseus a Fra vum Kinnek Mynes, war d'Lieblingssklavin vum Achilleus. Si ass vun him zu Lyrnessos, der Stad vum Mynes gefaange geholl ginn. Bei der Eruewerung vu Lyrnessos sinn de Mynes an déi dräi Bridder vun der Briseis ëmbruecht ginn. Si selwer ass dem Achilleus als Sklavin a Konkubinn zougeschwat ginn.
De Generol Agamemnon huet awer dem Achilleus d'Briseis ewechgeholl wéi e seng eege Sklavin, Chryseis, wéinst engem Orakelsproch a fir weider Fäiler vum Apollo ofzewieren, huet missen un hire Papp zréckginn.
Aus Roserei iwwert déi Dot huet den Achilleus sech aus dem Kampf ëm Troja zréckgezunn. Well dat awer eng entscheedend Schwächung vun de griicheschen Truppe bedeit huet, huet den Agamemmnon sech schliisslech bereeterklärt d'Briseis zréckzeginn, zesumme mat dem Eed, net mat hir geschlof ze hunn. Awer eréischt nodeems säi Frënd Patroklos vum Hektor ëmbruecht ginn ass, huet den Achilleus de Kampf erëm opgeholl.
Dem Briseis säi richtegen Numm war Hippodameia; Briseis ass e Patronym.
Nom Briseis ass en Asteroid, deen de 4. November 1907 vum Joel Hastings Metcalf zu Taunton entdeckt gouf, benannt ginn.
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der griichescher Mythologie. |