Carl Friedrich Zimmermann
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Carl Friedrich Zimmermann, gebuer de 5. August 1817 zu Morgenröthe am Vogtland † 20. Oktober 1898 war en däitsche Musekinstrumente-Fabrikant.
Ëm 1830 huet hien zu Carlsfeld am Erzgebirge ugefaang, Balleginstrumenter ze bauen. Hie gëllt als den Erfinder vum Bandoneon.
Zesumme mat sengem Brudder huet hien 1847 eng kleng Fabrik opgeriicht, an deeër se Konzertinaen a Bandoneone gebaut hunn. Verkaaft goufen d'Instrumenter iwwer dem Händler Heinrich Band seng Firma Bandunion. Sou koum dat neit Instrument zu sengem Numm.