Carl von Linné Jr.
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Carl von Linné gebuer den 20. Januar 1741 zu Falun, a gestuerwen den 1. November 1783 zu Uppsala, war e schwedesche Botaniker.
Hie war de Jong vum berühmten Naturfuerscher Carl von Linné.
De Carl von Linné war de Successeur vu sengem Papp um Léierstull fir Botanik op der Universitéit zu Uppsala vun 1778 bis 1783.
A sengen Aarbechten huet hie sech haaptsächlech fir Moser a Farnen intresséiert.
[Änneren] Wierker
- Decas prima (et secunda) plantarum rariorum horti upsaliensis, 1762-1763
- Nova graminum genera ..., 1779
- Supplementum plantarum systematis vegetabilium, 1781