Carlos Kleiber
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Carlos Kleiber war en éisträicheschen Dirigent. Hien ass den 3. Juli 1930 zu Berlin gebuer, an den 13. Juli 2004 zu Konjšica a Slowenien gestuerwen.
Hie war de Jong vum Dirigent Erich Kleiber, deen Éisträich wéinst dem Nazi-Regime verlooss hat an an Argentinien emigréiert war.
Zu Buenos-Aires fänkt de Carlos Kleiber un Musek ze studéieren. Duerno léiert hien zu Zürich Chimie. D'Chimie léisst hien dann awer si fir d'Musek.
Als Dirigent huet en an Operenhäiser ewéi der Bayerischen Staatsoper, der Metropolotan Opera, der Scala vu Milano an dem Royal Opera Covent Garden geschafft.
De Carlos Kleiber gëtt vu Musekkritiker als ee vun de bedeitendsten Dirigenten vum 20. Joerhonnert ugesinn.