Charles Fabry
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Maurice Paul Auguste Charles Fabry (* 11. Juni 1867 zu Marseille; † 11. Dezember 1945 zu Paräis) war e franséische Physiker.
Hie war den Entdecker vun der Ozonschicht an huet zesumme mam Alfred Pérot de Fabry-Pérot-Interferometer erfonnt. Domadder konnten d'Wellelängte vum Liicht gemooss ginn.