Charles Greeley Abbot
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Charles Greeley Abbot gebuer den 31. Mee 1872 zu Wilton, New Hampshire, USA ass gestuerwen de 17. Dezember 1973 zu Riverdale, Maryland, USA). Hie war en US-amerikaneschen Astrophysiker.
An de Joren 1895 bis 1896 war den Abbot Assistent um Astrophysikaleschen Observatoire vun der Smithsonian Institution zu Washington, D. C.. Vun 1896 bis 1906 war hie stellvertriedenden Direkter an 1907 bis 1944 Direkter vum Institut.
Den Abbot huet besonnesch um Gebitt vun der Meteorologie geschafft, der Strahlung, de Stäre an der Sonn. Hien huet d’Solarkonstant bestëmmt a war Matbegrënner vun der Sonnephysik.
Am Joer 1909 konstruéiert den Abbot en Pyrheliometer, mat deem hien éischt genee Miessungen vun der Solarkonstant geholl huet. Den Abbot huet och zu den Éischten gezielt, déi ugeholl hunn, datt d’Strahlung vun der Sonn zäitlech schwankt a konnt 1953 den Afloss vun dësen Ännerungen op eist Wieder noweisen.