Christian Doppler
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Christian Doppler, gebuer de 29. November 1803 zu Salzburg a gestuerwen de 17. Mäerz 1853 zu Venedeg, war en éisträichesche Mathematiker a Physiker.
A senger Verëffentlechung Über das farbige Licht der Doppelsterne huet de Christian Doppler 1842 déi Resultater publik gemaach, déi hien duerch seng Observatioune bäi der Analys vun de Spektren vum Liicht vu beweegte Stären gemaach hat. Deemno verännert sech d'Liichtspektrum vu Stären déi méi nokommen an déi blo Faarf, wärend sech d'Liicht vu Stären, déi sech ewech bewegen, méi rout sinn.
Dësen 1842 formuléierten Doppler-Effekt huet d'Miessung vun der Vitesse vu Stären erlaabt an ass och an der Akustik applikabel: Wann e méi no bäi eng Tounquell kënnt erschéngt den Toun méi hell (héich), während den Toun méi déif kléngt wann d'Tounquell sech méi wäit ewech bewegt.
Dëst Gesetz, dat fir d'Astronomie a fir d'Physik vu grousser Bedeitung ass gouf 1845 vum Jacques H. Buys-Bullot konfirméiert.