Chronogramm
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Wuert Chronogramm kënnt aus dem Griicheschen, a setzt sech zesummen aus de Wierder fir Zäit a Schrëft.
E Chronogramm ass e Saz, Vers oder Sproch, an deem eng Zuel verstoppt ass. Et ka sech ëm d’Baujoer vun engem Gebäi handelen. Dëse Saz gëtt esou geschriwwen, dat déi Buschstawen déi kënnen zesummegezielt ginn erausstiechen, sief dat datt se méi grouss geschriwwe ginn oder eng aner Faarf kréien. Meeschtens sti Chronogrammen op alen Dokumenter oder Gebäier, ewéi och op Kierchen. Well ët sech em réimesch Zifferen handelt, gëtt och de Saz meeschtens op Latäin geschriwwen.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] E Beispill: D'Chronogramm vun der Kierch Saint Sébastien
E Chronogramm steet z.B. iwwert der Haaptentrée vun der Parkierch Saint Sébastien vu Rëmeleng.
Mir liesen do : QVI CHRISTO SERVIS, VENI QVAESO, EX CORDE OREQVE SEBASTIANVM COLE !
V+I+C+I+V+I+V+I+V+X+C+D+V+I+V+M+C+L = 5+1+100+1+5+1+5+1+5+10+100+500+5+1+5+1000+100+50= 1895
[Änneren] Literatur zum Thema
- Hilton, James, Chronograms, 5000 and more in number, excerpted out of various authors and collected at many places, Elliot Stock, London, , 1882.
- Hilton, James Chronograms, continued and concluded, more than 5000 in number, a supplement volume to ‘Chronograms,’ published in the year 1882, Elliot Stock, London, 1885.
- Hilton, James, Chronograms, Collected more than 4000 in number since the publication of the two preceeding volumes in 1882 and 1885, Elliot Stock, London, 1895.
- Den James Hilton ass dee bekannteste Sammler vu Chronogrammen.