Chronologie vum Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich gouf vu 1775 bis 1783 tëscht den 13 Kolonie vun Nordamerika an hirer Metropol, Groussbritannien, ausgedroen. Dës Chronologie soll Iech en Iwwerbléck iwwert déi wichtegst Evenementer vun dësem Krich ginn.
Kuckt och den Artikel Amerikaneschen Onofhängegkeetskrichd'Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]d'Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]d'Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]].
[Änneren] 1775
- 7. Juni : D'Schluecht vu Bunker Hill ass déi éischt wierklech Schluecht am Onofhängegkeetskrich. Et ass eng Victoire fir d'Englänner mee d'heroesch Verdeedegung vun den Opstännegen huet derzou bäigedroen, hir Moral méi staark ze maachen.
[Änneren] 1776
- 2.-3. Mäerz: Schluecht vun Nassau a Schluecht vu Yamacraw Bluff.
- 8. Juni : Schluecht vun Trois-Rivières (Québec) tëscht den Opstännege vun den Dräizéng Kolonien an der Arméi vum Kinnek vu Groussbritannien.
- 4. Juli : Amerikanesch Onofhängegkeetserkläerung vum Thomas Jefferson.
- 27. August : D'Brite gewannen d'Schluecht vu Long Island.
- 16. September : D'Brite landen zu Kip's Bay an an de folgenden Deeg kënne si d'Schluecht vun den Harlem Heights fir sech entscheeden.
- 21. September : E Brand zerstéiert e Véirel vun New York.
- 11. Oktober: Schluecht vu Valcour Island.
- 18. Oktober: Schluecht vu Pell's Point mat enger marginaler amerikanescher Victoire.
- 28. Oktober: Schluecht vu White Plains mat enger britescher taktescher Victoire.
- 16. November : D'Brite kënnen de Fort Washington anhuelen, deen hinnen d'Kontroll iwwer New York erméiglecht.
- 14. Dezember: Iwwerfall vu Geary.
- 26. Dezember : D'Brite verléieren d'Schluecht vun Trenton (Delaware).
- 30.000 däitsch Zaldote goufe vun de Briten engagéiert, fir géint d'Kolonisten ze kämpfen.
- Um Enn vum Joer ass d'militärescht Gléck op der Säit vun de Briten.
[Änneren] 1777
- De La Fayette offréiert dem amerikanesche Kongress säi Service.
- 3. Januar: Victoire vum George Washington zu Princeton
- 20. Januar: Schluecht vu Millstone.
- 13. Abrëll: Schluecht vu Bound Brook.
- Juni: E Fändel mat de Stäeren ass dat neit Zeeche vun den amerikaneschen Arméien.
- De britesche Generol Howe hëllt d'Stad Philadelphia an.
- Oktober: Schluecht vu Saratoga: No enger britescher Néierlag ass Frankräich bereed, Groussbritannien de Krich z'erkläeren, wat um Ufank vu 1778 geschitt.
- 7. Oktober: Schluecht vun de Bemis Heights.
- Dezember: D'amerikanesch Arméi ass zu Valley Forge.
[Änneren] 1778
- 6. Februar : E Frëndschafts-, Allianz- an Handelstraité gëtt tëscht Fransousen an Amerikaner ënnerschriwwen. D'Amerikaner kënne mat Truppenënnerstëtzung an der franséischer Krichsflott rechnen.
- 30. Juni: Schluecht vun Alligator Bridge mat enger britescher Victoire.
- 27. Juli: Éischt Schluecht vun Ushant.
- 27. September: Massaker vu Baylor.
- 15. Dezember: Schluecht vu St. Lucia.
[Änneren] 1779
- 6. Juli: Schluecht vu Grenada mat enger franséischer Victoire.
- 21. September: Schluecht vu Baton Rouge.
[Änneren] 1780
- 16. Januar: Britesch Victoire an der Schluecht vum Kap St. Vincent.
- 17. Abrëll: Schluecht vun der Martinique ouni kloere Gewënner.
- Holland erkläert Groussbritannien de Krich.
- En Expeditiounscorps ënnert dem Fransous Rochambeau kënnt zu Newport un.
- Mee: D'Briten huelen Charleston an, a kënne 5.000 amerikanesch Zaldoten zu Camden zur Kapitulatioun zwéngen.
[Änneren] 1781
- 16. Mäerz: Schluecht vum Kap Henry mat enger taktescher Victoire fir d'Fransousen.
- 29.-30. Abrëll: Schluecht vu Fort Royal ouni kloere Gewënner.
- 5. September: Frankräich gewënnt d'Schluecht vun Chesapeake.
- 19. Oktober: D'Brite verléieren d'Schluecht vu Yorktown.
- 25. Oktober: Schluecht vun Johnstown.
- 12. Dezember: Zweet Schluecht vun Ushant.
[Änneren] 1782
- 25. Januar: Franséisch Victoire an der Schluecht vu St. Kitts.
- 9.-12. Abrëll: Schluecht vun de Saintes.
- 20. Oktober: Schluecht vum Kap Spartel ouni kloere Gewënner.
[Änneren] 1783
- 5. September: Traité vu Paräis an Enn vum Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich.