Chrysomeles
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Chrysomeles (gr. Χρυσομαλλος gëllene Pelz, och: Chrysomallos) war an der griichescher Mythologie e Widder mat gëllenem Pelz. E war de Jong vum Miergott Poseidon.
De Chrysomeles war e besonnesche Widder, dee fléien a schwätze konnt. Well déi zwee Bridder Phrixos an Helle an Nout waren, huet den Hermes hinnen de Chrysomeles geschéckt fir déi zwéin op Kolchis ze bréngen, mee den Helle ass ënnerwee an d'Mier gestierzt, wat dunn no him Hellespont genannt ginn ass.
Nodeems en zu Kolchis ukomm war huet de Phrixos de Widder am Zeustempel geaffert, als Merci datt d'Gëtter him gehollef haten, an huet säi Pelz um Ufer vum Phasis an eng Eech gehaangen. Dat war d'Gëllent Vlis, wat vun engem Draach bewaacht ginn ass, dee sech em d'Eech geréngelt huet.
Spéider huet de Iason, deen d'Argonauten ugeféiert huet, den Draach ëmbruecht an de Vlis u sech geholl.
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der griichescher Mythologie. |