Ciénaga de Zapata
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Ciénaga de Zapata ass e bedeident ökologescht Fiichtgebitt a Kuba, läit an der Provënz Matanzas an erstreckt sëch iwwert di gesamt Hallefinsel Zapata.
Si ass vu Flëss a Lagunen duerchzunn a bitt mat sénger Mangrovebëschvegetatioun rare Waasservullen a -planzen en ideale Liewensraum.
Den Ufank vun dësem Gebitt ass La Boca an der Laguna del Tesoro. Un der Südküst läit d' Bahía de Cochinos (Schwéngsbucht)mat der Playa Larga. Südlech dovunn läit d'Playa Girón.
Do sinn am Joer 1961 Exilkubaner, déi vun den USA ënnerstëtzt goufen, gelant, well si gemengt haten, Kuba wéilt sëch mat hirer Hëllef vum Kommunismus befreie loossen. Un dëser Schwéngsbuchtinvasioun op Kuba, déi schif gaangen ass, erënnert de Museo de la Intervención an 48 Monumenter déi fir déi Gefalen opgeriicht goufen.