Code de la Route (Lëtzebuerg)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De lëtzebuergesche Code de la Route wéi mer en haut kennen ass eng Weiderentwecklung vun engem Gesetz iwwer d'Reglementatioun vun dem Verkéier vu Veehikelën egal waaterenger Zort op den ëffentleche Weeër, vum 10. Juni 1932.
Dëst Gesetz hat eng grouss Revisioun 1955.
Wëll de Verkéier an d'Technik ëmmer méi komplizéiert gi sinn hu vun do un d'Upassungen an d'Ëmännerungen ee Koplabunz nom aanere geschlo.
De Code de la Route wéi et en haut gëtt ass an engem Texte coordonné zesummegefasst an déi läscht Ännerung war de 15. Januar 2005.