Compagnie des Chemins de fer du Nord
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Compagnie des Chemins de fer du Nord och dacks nëmmen Compagnie du Nord genannt war eng Eisebunnsgesellschaft déi am September 1845 zu Paräis gegrënnt gouf. Si huet de Gesellschaften de Rothschild Frères a Frankräich, an N M Rothschild & Sons vu London gehéiert.
De Barong James de Rothschild war den éischte President vun der Gesellschaft bis zu sengem Doud 1868.
Vun der Gare du Nord aus si Linnen a Richtung Ärmelkanal gebaut ginn, fir d'éischt (1846) bis op Douai an op Lille. 1847 koumen d'Linnen op Amiens a Valenciennes derbai an déi an d'Belsch op Courtrai and Ghent. 1848 goufen d'Strecken Boulogne-sur-Mer a Saint Quentin op gemeet.
1937 gouf d'Gesellschaft verstaatlecht an ass vun der Société Nationale des Chemins de fer Français (SNCF) iwwerholl ginn.
![]() |
CF de l'Est | CF de l'État| (CF de l'Ouest) | CF du Nord | CF PLM | PO-Midi (CF PO a CF du Midi) |