Conseiller (Lëtzebuerg)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Conseiller, och Gemengeconseiller genannt, gëtt zu Lëtzebuerg direkt duerch d'Wieler aus der Gemeng gewielt.
D'Zuel vun de Conseilleren am Gemengerot hängt vun der Awunnerzuel an der Gemeng of. An enger lëtzebuergescher Gemeng sinn tëschent 7 (bei Gemenge mat bis zu 999 Awunner) a 19 (bei Gemenge mat 20 000 a méi Awunner) Conseilleren am Gemengerot. Eng Ausnahm ass d'Stad Lëtzebuerg, wou d'Zuel vun de Conseilleren am Gemengerot op 27 festgeluecht ass. D'Memebere vum Schäfferot (de Buergermeeschter an d'Schäffen) si bei der Zuel vun de Conseilleren mat abegraff.