Daggi
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Daggi, och nach Mëllas, zéigt Gebees oder Birekraut genannt, ass en typescht Produkt aus der Lécker Géigend an aus der Äifel.
D’Ursaach vun der Daggisproduktioun geet dorop zeréck dass et esou d'Uebstziichter d'Méiglechkeet haten, fir hiren Iwwerschoss ze verwäerte, mat engem Produkt, dat sëch gutt an einfach versuerge gelooss huet a wat een och nach konnt verkafen.
Duerfir stinn och haut nach esou Mëlassfabriken haaptsächlech an der Géigend vun Herve an am Haspengau op der Grenz zu der belscher Provënz Limburg um Rand vun deene groussen Uebstplantagen. Di bekannsten ass wuel déi vun Herve, déi schonns zanter 1902 Daggi industriell hierstellt, bekannt ënnert dem Numm Sirop de Liège.
Den Daggi gëtt haaptsächlech vun Äppel a Bire gemaach, gewéinlech an de Proportioune 6:4. Aussname si pur Äppel oder pur Biren aus deem Grond wëll wann se pur verkacht ginn, si entweder net séier genug oder ze séier andécksen. E puer Fabrikanten aus Flandern setzen och nach an engem klenge Verhältnëss Zockerrommele mat bäi, anerer maachen och Dattelen derbäi.
Den Daggi ka geholl gi fir op d’Schmier ze sträichen, awer e gëtt och an der Kiche bei ville regionale Rezepter verschafft. Haut gëtt et en an ville Varianten, vum ganz séisse bis liicht batteren, an och vermëscht mat aneren Uebstzorten wéi d’Äerdbier z.B.
Eng méi flësseg Variant gëtt gären zesumme mat deem bekannten Fromage de Herve giess.