Dikrecher Cavalcade
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Dikrecher Cavalcade gëtt zënter 1979 vun den Eselen aus der Sauerstad Dikrich organiséiert.
[Änneren] A fréierer Zäit
Déi éischt Kavalkad gouf 1870 zu Dikrech organiséiert. Duerno huet et bis 1882 gedauert bis et eng nächst Oplo gin huet. 1884 stong déi nächst Kavalkad zu Dikrech op der Affiche, ier 1897 déi 4. Kavalkade organiséiert gouf. Am Joer 1900 stong déi Dikrecher Kavalkad ënnert dem Thema vun der Daf.
Dunn gouf 1946, 1947, 1949 an 1954 jeweils eng Kavalkad organiséiert. Vun 1979 un gouf all Joer (ausser 1991 wou vill Evenementer wéint dem Golfkrich annuléiert goufen) eng Kavalkad zu Dikrech organiséiert.