Edmond Gutenkauf
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Edmond Gutenkauf, genannt Eddi, gebuer 1928 zu Ettelbréck war e lëtzebuergesche Fechtmeeschter.
Den Eddi huet eng Parti vu senger Jugend bei sengem Monni zu Biekerech verbruecht an hat op der Nidderpallener Millen eng Frellenzichterei ugefaang déi spéider an de Besetz vun der Famill Kieffer gaang ass. Duerno hat hien d'VW-Vertriedung zu Angelduerf. De Gutenkauf war dräimol lëtzebuergeschen Landesmeeschter am Deegefechten (1958, 1961 an 1963) a war 1960 bei den Olympesche Spiller zu Roum mat derbäi.