Edmund Stoiber
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Edmund Rüdiger Stoiber gebuer den 28. September 1941 zu Oberaudorf an Uewerbayern, ass en däitschen CSU-Politiker.
Hien ass zënter 1974 Member vum Bayeresche Landtag, 1993 gouf e Ministerpresident vum Fräistaat Bayern an zënter 1999 ass e President vun der CSU.
Bei der Bundestagswahl 2002 war den Edmund Stoiber Kanzlerkandidat, d'CDU/CSU gouf dee Moment awer just zweetstäerkste Bundestagsfraktioun. Dräi Joer drop war en dunn designéierte Wirtschaftsminister am Kabinett vun der Angela Merkel, huet sech awer kuerzfristeg géint dee Posten entscheed an ass bayresche Ministerpresident bliwwen.
Den 18. Januar 2007 huet en declaréiert, den 30. September 2007 als Ministerpresident z'réckzetrieden an och net méi als CSU-President ze kandidéieren.
Den Edmund Stoiber ass mam Karin Rudolf bestuet, zesummen hu se dräi Kanner.
[Änneren] Gielercher
[Änneren] Literatur (Auswiel)
- Stoiber, Edmund a Kabermann, Friedrich: Das Maß der Dinge. Über die Kunst, das politisch Notwendige zu tun. München, 2001
- Köpf, Peter: Stoiber: die Biografie. Hamburg, 2001
- Sabathil, Ursula: Edmund Stoiber privat. München, 2001
- Stiller, Michael: Edmund Stoiber: der Kandidat. München, 2002