Eisebunnsstreck Péiteng - Lëtzebuerg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Eisebunnsstreck Péiteng - Lëtzebuerg gouf vun der Société des Chemins de fer Prince-Henri, kuerz PH oder de Prënz genannt, als eegleiseg Streck gebaut. Si ass 20,390 Kilometer laang a leeft haaptsächlech op de Gemengegrenzen. Deemools wollt keng Gemeng den Damp an de Stëbs a hiren Uertschaften.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geschicht
- 8. August 1900: Déi nei Streck gëtt a Betrib geholl.
- 6. September 1900: Offiziell Aweiung vun der Streck a vun der aktueller Gare vu Péiteng.
- 1. Oktober 1932: Ufank vun Terrassementsaarbechten tëscht de Gare Péiteng an Dippech fir d'Streck zweegleiseg ze bauen. Dës Aarbechten hu bis 1934 gedauert. En zweet Gleis ass awer deemols net geluet ginn.
- 10. Mee 1940: D' Deutsche Reichsbahn gëtt neie Patron vun der Streck.
- 10. September 1944: E provisorische Comité de gérance iwerhëlt d'Verwaltung.
- 1. Juni 1945: D'Société Nationale des Chemins de Fer Luxembourgeois (CFL) gëtt gegrënnt an iwerhëllt d'Streck.
- 1. Juni 1981: D'Streck ass elektrifizéiert ginn (Käschtepunkt: 346 Mill. Frang) an den elektrischen Zuchbetrib gëtt offiziell ageweit.
- 25. September 1993: Dee leschte Paräiser Schnellzuch fiert iwwer d'Streck Péiteng - Lëtzebuerg.
- 13. Dezember 2004: D'Aarbechte fir d'Streck 2-gleiseg auszebauen ginn an Ugrëff geholl. Käschtepunkt: 294 Milliounen Euro.
[Änneren] Garen an Halten
- Gare Péiteng
- Gare Nidderkäerjeng-Suessem
- Gare Schuller
- Gare Dippech-Reckeng
- Gare Leideleng
- Gare Hollerech
- Gare Lëtzebuerg