Emile Colling
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Emil(e) Colling (12. Abrëll 1899 zu Klierf - 16. September 1981) war e lëtzebuergeschen Dokter a Politiker.
[Änneren] Säi Liewen
Den Emile Colling ass zu Klierf als jéngst vu 6 Kanner op d'Welt komm. No senger Première am Koléisch huet hien zu Stroossbuerg, Nanzeg, Freiburg a Köln Medezin studéiert. 1925 huet hien sech zu Esch-Uelzecht als Dokter néiergelooss, an do, virun allem am Quartier Grenz, praktizéiert.
1945 gouf hien zum éischten Direkter vun der Santé publique ernannnt. Hie gouf am selweschte Joer Direkter vum Thermalbad Munneref a Member vun der Assemblée consultative.
Politesch huet hie sech an der nei gegrënnter CSV engagéiert. Hien ass 1945 an den Escher Gemengerot gewielt ginn an als Deputéierten aus dem Bezierk Süden an d'Chamber. 1948 a 1954 ass en an d'Chamber erëmgewielt ginn. 1954 ass en an der Regierung Bech-Bodson zum Minister fir Landwirtschaft an ëffentlech Gesondheet ernannt ginn. Dës Portefeuillën huet e vun 1958 bis 1959 an der Regierung Frieden bäibehalen. Dono war en, bis 1964, ënnert dem Pierre Werner, Minister fir Aarbecht a sozial Sécherheet, an dunn, bis 1967, zoustänneg fir Landwirtschaft a Wäibau, Famill, Bevëlkerung a sozial Solidaritéit.
1967 gouf hien zum Ambassadeur vu Lëtzebuerg beim Hellege Stull ernannt (bis 1974).
Den Emile Colling war de Papp vu 5 Kanner, dorënner de François Colling.
[Änneren] Literatur
- Dr. Emil Colling: Den Dokter vun der Grenz. E Stéck Escher Chronik vum Emil Colling, 1899 - 1981. (2005). ISBN: 2-9599671-0-0