Enzo Giacchero
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dësen Economiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Enzo Giacchero gebuer de 25. Februar 1912 a gestuerwen de 26. Mäerz 2000), war italienesche Member vun der Héijer Autoritéit vu der CECA. Zesumme mat sengen 8 Kollegen aus den anere Memberlänner huet hien de 10. August 1952 zu Lëtzebuerg seng Aarbecht opgeholl.
Als Diploméierte vun der Ecole polytechnique vu Turin (1934) war den Enzo Giacchero, no senger Studienzäit, Assistent beim Gustavo Colonnetti (1886-1968), en Ingenieur, dee Politiker ginn ass an als iwwerzeegten Europäer an der chrëschtlech-sozialer Bewegung militéiert huet. Nom Zweete Weltkrich ass de Krichsinvalid Enzo Giacchero chrëschtlech-sozialen Députéierten am italienesche Parlament ginn, wou en den europäeschen Députéiertegrupp presidéiert huet (1946-1952). Hie war ee vu den Députéierten, déi mat der Zoustëmmung vum Richard Nikolaus Coudenhove-Kalergi (1894-1972) vun 1947 un bei der Grënnung vun der Union Parlementaire Européenne matgewierkt huet.
Vun 1952-1959 war hien du Member vu der Héijer Autoritéit an huet duerno erëm aktiv an der federalistescher Bewegung matgeschafft. Hien hat och nach verschidden aner politesch an éirenamtlech Chargen.