Eos (Mythologie)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Eos ass an der griichescher Mythologie d'Gëttin an d'Personifikatioun vum fréie Moien (dt. Morgenröte / fr. aurore), Duechter vu Hyperion an Theia. Hier Gesëschter sinn den Helios an d'Selene.
D'Kanner déi si mat hierem éischte Mann Astraios kritt huet waren d'Wandgëtter Boreas, Euros, Notos an Zephyros, sou wéi den Heosphoros (Muergesstär).
Mam Tithonos zeumme krut si den Emathion an de Memnon; mam Kephalos de Phaëton. Ausserdeem soll si d'Mamm vum Phosphoros a vun de Stäre gewiescht sinn.
[Änneren] Mythos
Moies ass d'Eos mat hierem Won, dee vun de Päerd Phaëton ("dee Blénkegen") a Lampos ("deen Hellen") gezu gouf, aus dem Mier eropgeklomm an iwwert den Himmel gezunn, dobäi huet hier de Phosphoros de Wee gewisen. Hiere Brudder Helios ass hier op sengem Gespan iwwert den Himmel nogefollegt.
Eng Affaire mam Krichsgott Ares hat schlëmm Folgen fir d'Eos. D'Aphrodite, d'Maitresse vum Ares, huet aus Rach dofir gesuergt datt d'Eos ëmmer erem de Begier no jonke stierfleche Männer hat an zanterhier huet si all moies wann se iwwert dem Horizont opgezunn ass no Männer fir hier erotesch Aventure misse sichen. Si huet sech duerwéinst selwer geschummt an ass rout am Gesiicht ginn, wat sech op den Himmel ofgefierft huet.
Verhältnisser hat d'Eos och mam Kleitos, Orion, Kephalos, Ganymed an Tithonos.
- Den Orion ass aus Jalousie vum Artemis mat engem Fäil erschoss ginn. Spéider huet et hir leed gedoen an si huet den Orion als Stärebild un den Himmel versat, wou en haut nach hannert de Plejaden hier ass.
- Hier Affaire mam Kephalos hat och tragesch Folgen, die dozou gefouert hunn, datt seng Fra Pokris gestuerf ass. Duerch hien war d'Eos Mamm vum Phaëton (anere Quelle no war den Helios säi Papp).
- Nodeems den Zeus sech de Ganymed zum Amant gemaach hat, huet d'Eos den Tithonos als Nofollger geholl. Als Entschiedegung huet den Zeus dem Eos e Wonsch gewiert, an si huet sech fir den Tithonos éiwegt Liewe gewënscht. Leider hat si awer vergiess him och éiweg Jugend ze wënschen sou datt den Tithonos ëmmer méi al ginn ass a schliisslech vum Zeus aus Matleed an eng Grill verwandelt gouf déi d'Eos vun do u begleed huet. Si hunn zwee Jongen, den Emathion, dee vum Herakles ëmbruecht gett an de Memnon, Kinnek vun den Äthiopier, dee vum Achilleus ëmbruecht gett. D'Eos betrauert bis haut hiere Jong Memnos dee virun Troja gefall ass an hier Tréine falen all Moien als Da vum Himmel.
[Änneren] Entspriechungen
- Aurora
- Thesan
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der griichescher Mythologie. |